Lëtzebuergesch

Die allermeisten Texte auf wiesel.lu sind auf deutsch. Einen Nichtluxemburger mag dies erstaunen wenn er erfährt, dass

  1. es eine eigene Luxemburger Sprache durchaus gibt,
  2. und ich sogar ein “Stacklëtzebuerger1 bin

Wer sich aber besser hierzulande auskennt, den erstaunt das gar nicht, die meisten typischen Luxemburger meiner Generation benutzen die drei Sprachen des Landes zu unterschiedlichen Zwecken:

  1. Im Alltag und unter uns sprechen wir Luxemburgisch, ausser mit den Gastarbeitern, die belabern wir auf deutsch oder französisch je nach ihrer Herkunft. Hierzu will ich mich aber nicht weiter auslassen, dazu füllen andere schon ganze Foren.
  2. Offizielle Briefe, etwa an Behörden oder Bewerbungen schreiben wir auf französisch, es sei denn der Adressat erwartet eine andere Sprache. Englisch wurde in den letzten Jahren hier häufiger
  3. Aber eigene, freie Texte zu selber gewählten Themen verfasst jeder in der Schriftsprache die ihm am besten liegt. Bei Akademikern ist dies meistens die Sprache des Landes wo sie studiert haben, bei mir ist dies deutsch. Auch ist deutsch die Sprache in der ich eingeschult wurde, die meisten Stackletzebuerger wählen das deutsche, es sei denn sie sind in der unmittelbaren Nachkriegszeit zur Schule gegangen, als deutsch verpönt war.

Der Grund ist der, dass Luxemburgisch seinen Durchbruch als Schriftsprache erst sehr spät geschafft hat und erst seit 1999 die Schreibweise überhaupt gesetzlich festlegt wurde, so dass sie in Schulen unterrichtet werden kann. Nach diesem einleitendem Worten für den ausländischen Leser, wechsele ich nun ins Lëtzebuergesch!

Ab hei, op lëtzebuergesch

Awer just fir de Rescht vum Artikel, wëll sou liicht fält et mir nit.
Dëslescht freides wor ech Blutt spenden, a sou koum et dass ech schonn géint halwer véier op der Gare war, fir mat dem Zuch heem ze fueren. Well den Zuch eréischt um 15:53 fiert hat ech Zäit an hu mech passiv un der Aktioun e Buch am Zuch vun der Initiative Freed um Liesen bedeelegt, wat doranner bestanen huet, fir mir d’Geduudels vu sou enger Trotebattisgrupp unzelauschteren, a mir een Buch schenken ze loossen.
Bei deeër Geleeënheet hunn ech eng jonk, schlank, flott, BibliothecaireIn kenne geléiert, mat deeër ech e bësse iwwert dat Buch an eis Sprooch geschnësst an iwwert Lëtzebuerger Schréftsteller gelästert hunn. “Kennegeléiert” ass natierlich nees ze vill gesoot, ech hunn zwar eraus gekëtzelt kruet wou die flott jonk Dame schafft, a wou se hier ass, a wéi een Wee sie op hier Aarbicht fiert, mee ech hu komplett vergiess se ze froën, wéi se heescht.

Op alle Fall, die flott Fra huet bekannt, dass et hier, obwuel nach ee gudd Stéck méi jonk wéi ech, mat dem Léieren vun der der Sprooch ähnlich ergung wéi mir: sie huet och mat der falscher Grammatik, deer virun der Reform vun 1999 Lëtzebuergesch geléiert. Sie huet och die Cactus Yuppi Brochüre kannt, anscheinend hate sie souguer an der Schoul domadder geléiert.

Bei mir wor et nach e bessi anëscht:

An der klénger Schoul guff Lëtzebuergesch guer nit geschriwwen, mee just geliess, an zwar an der Regel a Form vu Gedichter oder Lidder aus dem 19. Joerhonnert, die da gefällegst die nächst Stonn auswennig ze kënne woren, wat ech nit gäre gemeet hunn. De Problem war deemools fir mech wuel och deen, dass méng Mamm et ab dem drëtte Schouljoer glécklecherweis opginn hat mir bei den Hausaufgaben nach hëllefen ze wëllen, ausser bei Texter die auswenneg ze kënne woren, wuel wëll dat fir si einfach ze maache wor, a si souwéisou d ‘Maus Ketti selwer als Kand geléiert hat a nach haut auswenneg kann opsoen. Hier huet dat, am Géigesaz zu mir allerdéngs nach Spaass gemaach.

De Besoin, Lëtzebuergesch schreiwen ze wëllen hunn ech dann am Ausland verspiert, wéi ech zu Oochen dem Kolleesch André Schwarz gehollef hat fir eng nei Zeitung op d’Been ze stellen, die da spéider Um Karel genannt gouf. Deemools waren mir der Meenung, op Lëtzebuergesch kinnt een et schreiwen wéi een wëllt, mee dat ass weder richteg nach wënschenswäert. De Problem ass, dass eng liicht Ännerung vun der Schreifweis engem Wuert schonn kann ee komplett anere Sënn ginn. Ee rezent Beispill, wou de Feierkrop sech driwwer lëschteg gemeet hat:

D’ Poer vu Bous hat eng Klackeweih (Glockenweihe) als Klackewéih (Hodenschmerzen) op hirem Transparent ausginn. Sou een Ënnerscheed mécht also schonn een harmlosen “é” amplaz vun engem “e”.

Zum Gléck hate mir awer nach den Ivica am Club, ee Kroat vun Itzig, deen Letzebuergisch schreiwe konnt, sou dass hien eis d‘Artikelen verbessere konnt. An dunn, hunn ech de Cactus Yuppi entdeckt.

Am Dezember dest Joer war ech dann an e Cours den d’Christiane Ehlinger, Schoulmeeschtesch (Ex-) a Schrëftstellerin, fir de Stat gehalen huet. De Cours huet op hirem Buch, de Roude Fuedem baséiert an ech hunn e super fond! Leider sinn ech zënterhier vill méi onsécher am Schreiwen, well bei der Reform gouf den Usproch, dass Lëtzebuergesch sou soll geschriwwen ginn wéi et geschwat get, falen gelooss. Dest wor eng Upassung un de Besoin, dass Lëtzebuergesch haut och vill um Computer oder Telefon getippt gëtt. Do wëllt een dann nit, dauernd mussen d’Tëppelcher aginn, wéi z.B. beim Wuert “ech” (ich), fréier “ëch” geschriwwen, etc.

Op alle Fall, hunn ech op dat ureegend Gespréich mat der Bibliothéiksfra, mech higesat a mol meng Lescht vu Postings duerchgekuckt, an hu festgestallt, dass ech dann awer der e puer dach a menger Mammesprooch geschriwwen hat. Déi hunn ech dann mat engem neien Tag “Lëtzebuergesch” markéiert.

  1. Es gibt keine genaue Definition des Stackletzebuergers. Üblicherweise geht man hier vom früher üblichen Verfahren bei Bewerbungen um Staatsstellen aus, wo ein Ahnennachweis in strikt männlicher Linie bis 1750 einzubringen war. Tauchten dort nur Luxemburger auf, galt man als Stacklëtzebuerger, selbst wenn die Mutter, sagen wir Angolanerin war []

ab haut, préposé vun der Agence Lëtzebuerg

D’letzt Woch, de Mëttwoch huet den Direkter vun der Inspection du Travail et de Mines, der Administratioun fir déi ech schaffe mech zum Préposé vun der Agence Lëtzebuerg ernannt, a séng Decisioun en Donneschde bekannt ginn.

Haut war mäin éischten Dag op der Agence. D’ITM huet dräi regional Sëtz: Diekirch, Esch a Lëtzebuerg, woubäi d’Agence Letzebuerg fir d’Kantoner Letzebuerg, Miersch a Grevenmacher zoustänneg ass.

Sëtz vun der Agence ass Stroossen, sou dass ech just hu missten zwee Stäck no ënne plënneren, mee nit an een anert Gebei.

Ab elo, werd d’Informatik nees mäin Hobby, a nit méi mäin Beruff sinn.

Nei Interessen: Velo an ASSOSS

Conter Raymond (1922-1923)

Conter Raymond (1922-1923)

Et ass nit esou, dass mat méngem Récktrëtt als Velosfuererfonktionär mäin Interessie um Velosverkéier nogelooss hätt, am Géigendeel! Nit méi gezwongen een, zweemol am Mount mir den Hënner an dem stënkege, muffige, spiessige Okocenter plattsëtzen zu mussen a mir humorlos Monologen unzelauschtern, ass méng Loscht op alles waat mat dem Vélo ze dinn huet ërem richtig opgeflaamt!

Dest Joër get nees méi Velo gefuer, a manner noglelauschtert!

Dofir hunn ëch eng Plaatz fir den Velo ënnert méngen Interessen op desem Site geschaafen. Nach ass die zwar zimlich egel, mee do kënnt nach eppes no *g*

Dann hunn ëch die Deeg dank méngem Frënd Jeannot Damgé eng schéin aal Brochure vun der ASSOSS an d’Hänn kritt, sou dass ëch denken, hei wier die richtig Plaatz, fir och dovunner ze berichten. D’ASSOSS waar een ganz interessanten lénke Studenteveräin, den vun 1912-1969 existéiert huet. De letzte Präsident war, wann ëch mëch richtig entsënnen den André Hoffmann vun der Lënkspartei. Och wann ëch am lënkskathoulischen Milieu aus dem ëch kommen bliwen sinn, huet de Club mëch dach stets faszinéiert. Nit zuletzt, wëll ëch jo och an der UNEL war. Ob d’ASSOSS sinn ëch gestouss wéi ëch 1994-1997 méng Recherchen zur Geschicht um AVL bedriwen, an du Rull de Waak geschriwen hunn.

Ee weidere Grond: Den Henri Wehenkel war zu ménger Schulzäit mäi Geschichtsproff, den ëch bewonnert hunn obwuel ëch wusst dass hien Kommunist ass an ëch demols nach ziemlich paafig wor. Die materialistisch Art a Weis, Geschicht z’interpretéieren, sou dass Ereignisser een Sënn kréien haat mëch faszinéiert an iwerzeegt! Daat wor eppes ganz aneschters, ass wéi einfach nëmmen Geschichten vum Jhang de Blannen auswënnig léieren. An den Henri Wehenkel huet eben och e puer Bäiträg zur Geschicht vun der ASSOSS geschriwen!

Zur Assoss

D’ASSOSS war e ganz interessante "lénken" lëtzebuerger Studenteclub, den vun 1912-1969 bestaanen huet. D’Grënnung vun der ASSOSS war eng Reaktioun vun de jugendlichen Unhänger vun der coalition de gauche, die aus Sozialisten a (Wirtschafts-)Liberalen bestaanen huet, op d’Grënnung vun der ACEL (haut ALUC) 1910 duerch kathoulisch Studenten rondrëm de Pierre Dupong.

Die onnatierlich Koalitioun vun Jeunesse Dorée mat Kanner aus dem Proletariat konnt d’ASSOSS dank der Klammer vum Antiklerikalismus och nom Stuerz vun der Lënksregierung beim Doud vum Staatsminister Paul Eyschen bäibehaalen. Den Veräin huet souwuel die zwee Weltkricher, ass wéi och den Nationalsozialismus iwerliewt, nit awer d’Erfëllung vun enger hierer eelster Fuederung: d’Demokratiséierung vum Studium. An den 1960er Joëren ass sie ëmmer méi no lénks gerëtscht a gung an der 1968er "Revolutioun" ënner.

Zeechnungen vun den Präsidenten 1912-1932

Aus dem Annuaire “1933”

De 24 September: Velosrallye zu Suessem

Hei eng Annonce die mëch erreecht huet, zum Thema Velofueren:

(vu Suessem) organiseieren e

Sonndeg den 24 September

fir d’semaine de la mobilité en Velosrallye vun ~ 10 km. Dëse Ralley riicht sech och un Familien mat Kanner. D’Jogger sin selbstverständlech och härzlech wëllkomm.
Den Rallyestour féiert durch d’Noerhuelungsgebitt vun Suessem (duerch Onebenheeten net fir Skater an Coursveloën accessibel)

Alternativ oder zousetzlech stinn nach 3 weider Touren zweschen 15 an 20 km zur Verfügung fir dei Leit dei d’Gemeng Suessem entdecken wellen. Den greisten Deel vun desen Touren feiert iwwert Velospisten.

Rendez-vous ass beim CAFE AM CENTER bei der Kirch zou Suessem
Départ vum Rallye ass vun 14 – 15 Auer.
Equipen vu 2 bis 5 Leit
Participatioun 2,5 Euro pro Erwuessenen (Kanner sin frei), minimum 5 Euro pro Equip
Et gin flott Präisser ze gewannen.

Fir weider Informatiounen Patrick Horper Tél. : 59 14 20

Übung fir den letzte Cours

Am Kader vum Tripticon fënd och eng Excel’s Cours zu Wolz statt. Haut ass den lëschten Daag vun dem Cours, mee mir wëllen nach eng Kéier urappen! Mir wëllen een Serienbréif mat Hëllef vun Excel erstellen. Den soll un all d’Memberen vun dem scho bekannten, komplett fiktiven Fräizäitsportclub Clervaux, dozou brauche mit zwou Dateien:

  1. De Bréif un d’Memberen
  2. De Membersfichier

Lued Iech déi zou Dateien op Äre Computer a virun allem, verhaalt Iech wou der se higesaat huet 😉

och Wiesel.lu leeft lo als Blog.

Wëll méng beruflich Erfahrung, an méng Aarbicht fir mäin Veräin1 et mir gewiesen hunn, wéi einfach bloggen mat WordPress2 geet, an ëch wierklich praktisch kéng Zäit méi hunn, fir mir eng eegen Entwécklung vun der Software fir méng Säiten ze leeschten, kënnt och Wiesel.lu an Zukunft als Blog dohier.
Ech sinn, nom famous 5 Minutes install verfuer, an tatsächlich!
Datt daat sou schnell gung, ass och der virbildlicher MySQL Datenbankverwaltung vun méngem Hoster Luxhosting, ze verdanken.

  1. Homepage http://www.aachen.lu []
  2. Homepage vu WordPress: http://www.wordpress.org []