Die allermeisten Texte auf wiesel.lu sind auf deutsch. Einen Nichtluxemburger mag dies erstaunen wenn er erfährt,
- Dass es einerseits eine eigene Luxemburger Sprache gibt,
- andererseits ich ein Stacklëtzebuerger bin
Wer sich aber besser hierzulande auskennt, den erstaunt das gar nicht, die meisten typischen Luxemburger meiner Generation benutzen die drei Sprachen des Landes zu unterschiedlichen Zwecken:
- Im Alltag und unter uns sprechen wir Luxemburgisch, ausser mit den Gastarbeitern, die belabern wir auf deutsch oder französisch je nach ihrer Herkunft. Hierzu will ich mich aber nicht weiter auslassen, dazu füllen andere schon ganze Foren.
- Offizielle Briefe, etwa an Behörden oder Bewerbungen schreiben wir auf französisch, es sei denn der Adressat erwartet eine andere Sprache. Englisch wurde in den letzten Jahren hier häufiger
- Aber eigene, freie Texte zu selber gewählten verfassen in der Schriftsprache die uns am besten liegt. Bei Akademikern ist dies meistens die Sprache des Landes wo sie studiert haben, bei mir ist dies deutsch. Auch ist deutsch die Sprache in der ich eingeschult wurde, die meisten Stackletzebuerger wählen das deutsche, es sei denn sie sind in der unmittelbaren Nachkriegszeit zur Schule gegangen, als deutsch verpönt war.
Der Grund ist der, dass Luxemburgisch seinen Durchbruch als Schriftsprache erst sehr spät geschafft hat und erst seit 1999 ein Gesetz die Schreibweise überhaupt verbindlich festlegt, so dass sie in Schulen unterrichtet werden kann. Nach diesem einleitendem Worten für den ausländischen Leser, wechsele ich nun ins Lëtzebuergesch!
Ab hei, op lëtzebuergesch
Awer just fir de Rescht vum Artikel, wëll sou liicht fällt et mir nit.
Deslescht freides wor ech Bludd spenden, a sou koum et dass ech schon géint halwer véier op der Gare war, fir mat dem Zuch heem ze fueren. Well den Zuch eréicht um 15:53 fiert hat ech Zäit an hu mech passiv un der Aktioun e Buch am Zuch vun der Initiative Freed um Liesen bedeeligt, waat doranner bestanen huet, fir mir d’Geduudels vu sou enger Trooterbattisgrupp unzelauschteren, a mir een Buch schenken ze loossen.
Bei deer Geleenheet hunn ech eng jonk, schlank, flott, BibliothèquaireIn kennegeléiert, mat deer ech e bessi iwert daat Buch an eis Sprooch geschnësst an iwert Lëtzebuerger Schréftsteller gelästert hunn. “Kennegeléiert” ass natierlich nees ze vill gesoot, ech hunn zwar eraus gekëtzelt kruet wou die flott jonk Dame schafft, a wou se hier ass, a wéi een Wee sie op hier Aarbicht fiert, mee ech hu komplett vergiess se ze froën, wéi se heescht.
Op alle Fall, die flott Fra huet bekannt, dass et hier, obwuel nach ee gudd Stéck méi jonk wéi ech, mat dem Léieren vun der der Sprooch ähnlich ergung wéi mir: sie huet och mat der falscher Grammatik, deer virun der Reform vun 1999 Lëtzebuergesch geléiert. Sie huet och die Cactus Yuppi Brochüre kannt, anscheinend hate sie souguer an der Schoul domadder geléiert.
Bei mir wor et nach e bessi anëscht:
An der klénger Schoul guff Lëtzebuergesch guer nit geschriwen, mee just geliess, an zwar an der Regel a Form vu Gedichter oder Lidder aus dem 19. Joerhonnert, die da gefälligst die nächst Stonn auswennig ze kënne woren, wat ech nit gäre gemeet hunn. De Problem war deemols fir mech wuel och deen, dass méng Mamm et ab dem drëtte Schouljoër glécklicherweis opginn hat mir bei den Hausaufgaben nach hëllefen ze wëllen, ausser bei Texter die auswennëg ze kënne woren, wuel wëll dat fir sie einfach ze maache wor, a sie souwiesou d’Maus Ketti selwer als Kand geléiert hat a nach haut ausweeng kann opsoën. Hier huet dat, am Géigesaatz zu mir allerdings nach Spass gemaach.
De Besoin, Lëtzebuergesch schreiwen ze wëllen hunn ech dann am Ausland verspiert, wéi ech zu Oochen dem Kolleesch André Schwarz gehollef hunn eng nei Zeitung op d’Been gestallt, die da spéider Um Karel genannt guff. Demols waren mir der Meenung, op Letzebuergesch kinnt een et schreiwen wéi een willt, mee dat ass weder richtig nach wënschenswert. De Problem ass, dass eng liicht Ännerung vun der Schreiwweis engem Wuert schon kann ee komplett anere Sënn ginn. Ee rezent Beispill, wou de Feierkrop sech driwer lëschtig gemeet hat.
D’Puar vu Bous hat eng Klackeweih (Glockenweihe) als Klackwéih (Hodenschmerzen) op hierem Transparent ausginn. Sou een Ennerscheed mëcht also schon een harmlosen “é” amplaz vun engem “e”.
Zum Gléck hate mir awer nach den Ivica am Club, ee Kroat vun Itzig, deen Letzebuergisch schreiwe konnt, sou dass hien eis d’Artikelen verbessere konnt. An dunn, hunn ech de Cactus Yuppi entdeckt.
Am Dezember dest Joer war ech dann an e Cours den d’Christiane Ehlinger, Schoulmeeschtesch (Ex-) a Schrëftstellerin, fir de Stat gehalen huet. De Cours huet op hierem Buch, de Roude Fudem baséiert an ech hunn e super fond! Leider sinn ech zenterhier vill méi onsécher am Schreiwen, well bei der Reform guff den Usproch, dass Lëtzebuergisch sou soll geschriwen ginn wéi et geschwat get, falen gelooss. Dest wor eng Upassung un de Besoin, dass Letzebuergisch haut och vill um Computer oder Telefon getippt get. Do wëllt een dann nit, dauernd mussen d’Tëppelcher aginn, wéi z.B. beim Wuert “ech” (ich), fréier “ëch” geschriwen, etc.
Op alle Fall, hunn ech op dat ureegend Gespréich mat der Bibliothéiksfra, mech higesaat a mol méng Lescht vu Postings duerchgekuckt, an hu festgestallt, dass ech dann awer der e puer dach a ménger Mammesprooch geschriewen hat. Déi hunn ech dann mat engem neien Tag “Lëtzebuergesch” markéiert.