Nei Interessen: Velo an ASSOSS

Conter Raymond (1922-1923)

Conter Raymond (1922-1923)

Et ass nit esou, dass mat méngem Récktrëtt als Velosfuererfonktionär mäin Interessie um Velosverkéier nogelooss hätt, am Géigendeel! Nit méi gezwongen een, zweemol am Mount mir den Hënner an dem stënkege, muffige, spiessige Okocenter plattsëtzen zu mussen a mir humorlos Monologen unzelauschtern, ass méng Loscht op alles waat mat dem Vélo ze dinn huet ërem richtig opgeflaamt!

Dest Joër get nees méi Velo gefuer, a manner noglelauschtert!

Dofir hunn ëch eng Plaatz fir den Velo ënnert méngen Interessen op desem Site geschaafen. Nach ass die zwar zimlich egel, mee do kënnt nach eppes no *g*

Dann hunn ëch die Deeg dank méngem Frënd Jeannot Damgé eng schéin aal Brochure vun der ASSOSS an d’Hänn kritt, sou dass ëch denken, hei wier die richtig Plaatz, fir och dovunner ze berichten. D’ASSOSS waar een ganz interessanten lénke Studenteveräin, den vun 1912-1969 existéiert huet. De letzte Präsident war, wann ëch mëch richtig entsënnen den André Hoffmann vun der Lënkspartei. Och wann ëch am lënkskathoulischen Milieu aus dem ëch kommen bliwen sinn, huet de Club mëch dach stets faszinéiert. Nit zuletzt, wëll ëch jo och an der UNEL war. Ob d’ASSOSS sinn ëch gestouss wéi ëch 1994-1997 méng Recherchen zur Geschicht um AVL bedriwen, an du Rull de Waak geschriwen hunn.

Ee weidere Grond: Den Henri Wehenkel war zu ménger Schulzäit mäi Geschichtsproff, den ëch bewonnert hunn obwuel ëch wusst dass hien Kommunist ass an ëch demols nach ziemlich paafig wor. Die materialistisch Art a Weis, Geschicht z’interpretéieren, sou dass Ereignisser een Sënn kréien haat mëch faszinéiert an iwerzeegt! Daat wor eppes ganz aneschters, ass wéi einfach nëmmen Geschichten vum Jhang de Blannen auswënnig léieren. An den Henri Wehenkel huet eben och e puer Bäiträg zur Geschicht vun der ASSOSS geschriwen!

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.