Tilly Metz

Gëschter erréicht hunn ëch et geliess:
D’Tilly Metz, Enseignante um LTPES1, Fra vum Henry Welschbillig dem Direkter vun der nämlichter Schoul, an domadder méng ehemolig Arbichtskollegin, ass lo zenter kuerzem Buergermeeschtesch vun der schéiner Geméng Weiler-la-Tour. D’Tilly ass eng tatkräftig Fra, hat werd bestëmmt lo geschwenn urappen! Da kann bestëmmt och den Internetsite vun der Geméng, den momentan nach an dem grugeligen SIGI Design dohier kënnt, just mat dem IE einigermoossen agreabel zu kucken ass, an bei dene meeschten Saachen, sowiesou ëmmer “ 404 Object Not Found” seet.

d’Tilly war bei den Wahlen am Oktober die bescht platzéiertste Kandidatin aus der Geméng. D’Tilly ass en plus zenter lëschtem Joër Spriecherin vun de Gréngen.

Dem Tilly vun deser Plaatz aus, méng allerbeschten Félicitatiounen!!

  1. Lycée Technique pour Professions Educatives et Sociales. ((Fréier: Institut d’Etudes Educatives et Sociales (IEES) []

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.