Joseph Bech


Den “Cercle Joseph Bech” ursprünglich een geheimniskrämerischen, elitäre Clibb’chen rondrëm de Fränk Engel (Gehier) , den Patrick Santer (Frontmann) an de Mark Rauchs1 innerhalb vun der CSJ, huet elo séngem Namensgeber een kléngt Denkmal gesaat, an een “Mélanges” genannten Bichelchen mat méi oder manner selwer geschriwene Beiträg iwert den Joseph Bech publizéiert.

Als historisch interesséierte Mensch, ass mir daat héich wëllkomm, an ëch hunn mir och schon een Exemplär komme loost, an och schon ugefaangen mat liesen.

D’Figur vum Joseph Bech ass zu Letzebuerg ëmstridden, wéi kaum eng aner historisch Perséinlichkeet aus eiser Politik. Séng politisch Karrière fällt, wie déi vun villen Leit, obwuel sie eigentlich ongebrach ass, däitlich an zwee Deeler:

  1. Den nom Krich an der CSV,
  2. an den virum Krich mat der Rechtspartei.

Während Konservativer am léiwsten just vun dem erfollegräichen Aussenpolitiker schwëtzen, deen die europäisch Communautéit matbegrënnt huet a mat dem Karlspräis 1960 vun der Staadt Oochen (een weideren Punkt den mäin spezifischt Interesse fir den Mann begrënnt) geéiert guff, erënneren sëch, politisch éischter lënk Kreesser, wéi d’Gewerkschaften (dozou zielen och Deeler vun der CSV) virun allem un säin autoritären Charakter, den 1937 an engem Projet de Loi gegipfelt haat, fir

  1. die kommunistisch Partei ze verbidden, an
  2. Presse- a Meenungsfräiheet ze beschränken

Des Tentative wor allerdings duerch een knappen Referendum gestoppt ginn. Dest Resultat haat eng politisch Kriis ausgeléist, an deer hierem Gefolleg, den J.Bech huet missen zréck trieden.

Ménger Meenung no schätzt den Cercle Joseph Bech un hierem selwer gewielten Patroun vir un allem, dass hien Konservativen wor, ouni sëch op d’kathoulisch Kirch, nach op d’kathoulisch Gewerkschaft ze stäipen, die zwee traditionell Pillier’en vun der CSV. Bei béiden kommen die neoliberal Usichten nit besonnësch gudd un, wëllesch d’Memberen vum Cercle sëch ugeegent hunn, ursprünglich wuel fir sëch göint iwer dem Übervater Jean-Claude Juncker ze profiléieren.

Bestellen kann een d’ Mélanges Joseph Bech, bei Mark’s Consulting vum Marc Rauchs fir 15 Euro.

D’Nationalbibliothéik féiert d’Mélanges ënnert “Histoire générale” a get folgend Beschreiwung:

mélanges présentés à l’occasion du 30e anniversaire du décès du père fondateur de l’Europe / [réd.: Jacques Santer, Charles-Ferdinand Nothomb, Lucien Thiel, Serge Sandt, Steff Schaeler, Frank Engel, Patrick Birden, Patrick Santer, Gaston Thorn, Jean Spautz, Betty Bech]. – Bertrange : Ed. Codex, 2005 (Luxembourg : Impr. Saint-Paul). – 167 p. : ill. ; 19 cm
(Publications du Cercle Joseph Bech)
ISBN 2-9599676-0-7

  1. Beis Zongen behaapten, sie wieren am Ufang souguer sou grausam gewiecht, een gudden perséinliche Kolleg vun hinnen nit matspillen ze loossen, wëll hien hinnen “net intellektuell genuch” gewiecht sollt sinn. Gerüchter, Gerüchter! []

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.