7 Joër "um Karel"

1997 as nun einfach emol, d`Joër vun den Anniversairen: 100. Joër Club, 35 Joër akademische Männerchouer, 25 Joër Ponttor. Och eis Zeitung huet e "ronnen" Gebuertsdaag ze feieren. Déi fir awergleewesch Leit, wéi Akademiker sou wichteg Zuel siewen, jährt sëch. Des Zeitung, huet eng bemierkenswert Entwecklung hannert sëch, a mir kennen houfreg op se sin!

Wann een sëch bei denen aner Cerclen sou emkuckt, muß een feststellen, datt et guer net selbstverständlëch as datt eng Studentenzeitung, an deer Qualitéit (souwuel inhaltlëch, an ausserlëch) esou lang bestoen kann. De Grond, firwat daat sou as läit op der Hand: Eng Zeitung liewt vun de Leit, déi fir se verantwortlëch sin. Well Studenten nun emol just eng "mittlere Verweildauer" vun zwee Joër an engem Comité, a siewen (7!) am Club hun, changéiert daat nawell séier, wann et de Comité`en nit geléngt, Traditiounen, a virun allem Aarbeschtsethik erfollegräich un hier Nofolger ze vermëttelen.

Als eenzegen, vun deenen, die zenter der éichter Zeitung aus uns derbäi woren, fillen ëch mëch derzou obgeruff e klengen Bléck zréck ze geheien, (schon nees?, oh nee verschoun eis!) an ausnahmsweis ons selwer ze gratuléieren (scho besser). Dono well ëch nach e bessi moraliséieren (Hëllëf !)

Als éicht, vive d` Culturministeren (an de Statuten ëmmer sou banal "membre (du comité)" genannt). Hei sin se, an enger klénger Tabell, zesummen mat hierem (n) Wierk(er)

No am: Minister Säiten Foto`en FotoFüll-Faktor Besonnesches
1 SS 90 Schwarz André 15 0   Vill friem Artikelen, kéng Foto`en
2 WS 90/91 Schwarz André 32 22    
3 SS 91 Mackel Jerry 57 27   d`Zeitung heescht lo "Um Karel", sau dëck well d`Statuten dran sin.
4 SS 92 Kaiser Gaston 40 19   super Comic-Adaptatioun vum Superjhemp
5 WS 92/93 Kaiser Gaston 31 23   éichtmols vu Rapidpress, éicht Reklam, historische Cover (Wopen)
6 SS 93 Theisen Tom 20 16   gudd Présentatioun vum Comité, Comic-Adaptatioun Hägar
7 WS 93/94 Theisen Tom 28 18 0,64 Cover ganz um Computer gemeet. Ganz schlëmm Fotoën vun der Aweihung (BOB!)
8 SS 94 Theisen Tom 32 29 0,90 Den eenzegen Artikel vum lidderëchen ARENDT. Selten: ee Keesebericht
9 WS 94/95 Theisen Tom 47 41 0,87 Start vun der Serie "Rull de Waak"; an deen eenzege SEX-Beitrag
10 SS 95 Simon Serge 38 36 0,95 Comic-Adaptatioun Asterix
11 WS 95/96 Simon Serge 32 23 0,72 éischtmols en Ennertitel vun der Oplag: "den hellege Steen vum Cinderella"
12 SS 96 Feyereisen Fränk 40 31 0,78 Comic-Adaptatioun Hägar
13 WS 96/97 Feyereisen Fränk 32 14 0,44 eigentlëch näicht

Gestëft huet eis Zeitung de Schwarzen Änder. De publizistischen Optrag huet hien am Summer 90 folgendermoossen emrass:

"Am 93. Joër vun senger Geschicht kritt eisen Veräin eng nei Méiglëchkeet vir sëch duerzestellen. Si soll eng noutwendeg Ergänzung zum Nico sengem flotten Circulairen sinn an, wéi dat och an den aneren Veräiner as, allen Memberen Méiglëchkeet gin, hiren Artikel ze publizéieren."

Grad dee letzten Deel huet den Änder ëmmer eescht geholl. Dowéinst wor stets am Labyrint eng Redaktiounssetzung, zu deer all Member (net just déi vum Comité) invitéiert wor, fir iwert d`Zeitung ze schwetzen. Do kunnt een dann och Idien fir Artikelen fannen. Eréicht de heitegen Kulturminister huet d`Redaktiounssetzung oofgeschaaft, villäicht well hien hieren ursprünglëchen Sënn nie verstaan haat. (Nee, ganz bestemmt nit dowéinst, well hien soss kéng Méiglëchkeet hätt, d`Artikelen ze zenséieren.)

Den Änder haat, am Géigensaatz zu Lorangs Nico, nit sou vill Geschéck fir "flott" Artikelen ze schréiwen, hien wor e besseren Redakteur as wéi e gudden Auteur. Bei him huet d`Zeitung emmer wéi e "Readers Digest" vun de Studenten ausgesin. Awer Schwarzen Änder wor nach e richtegen Demokrat, a wollt der Zeitung keen Numm opdréngen. Hien huet e Concours ausgeschriwen, an op der Redaktiounssetzung am SS 91 gouf iwert die verschidden Virschléi oofgestëmmt. Gewonn huet bekanntlich de Belche Marcel dit Bab, den an der No 3, ënnert dem Pseudonym "Joseph van der Uepp" erklärt firwaat se dann elo grad "UM KAREL" heescht.

Mackel `se Jerry gouf der Zeitung dann hier heiteg Struktur. Nei war d` libre tribune.(z.B. krueten ANEIL, UNEL asw. Méiglëchkeeten fir sëch ze présentéieren) Hien huet dann och direkt daat, bis haut dëcksten Heft verbrach, well hien D`Statuten ännere wollt, waat dann och geschitt as. Fir e Saatz vum Churchill ze paraphraséieren: "Selten guffen sou vill Säiten vun sou villen Leit, souwéinig gelies."

Die, menger Meenung no, redaktionell beschten Zeitung war de No 4 vum Gast Kaiser. Hien huet als éichten e selwer gemeeten Comic (aal Biller, nei arrangéiert an e ganz neien Text) bruëcht, wou "De Superjhemp" op Oochen saufe kënnt. Leider haaten mir deemols eng ganz schlëcht Fotokopiesmaschin an d`Fotoën si ganz schlëcht eraus komm. Et gouf dorops hin iwerluegt dem Karel, och optesch eng besser Qualitéit ze gin.

Op der Réél haten mir dun eng Zeitung vun der "Tréier Déieren" gesin, an dorops hin gouf die nächst Zeitung (No 5) och bei RAPIDPRESS gedréckt. Déi Ausgab huet a muncher Hinsicht nei Standarde gesaat:

  • Sie wor déi éicht, déi als Schoulheft gebonnen wor.
  • Deen aneren Änder den Detailles hieren, huet de Grondentworf fir de Layout gemeet.
  • Als Philosophie fir de Cover guff décidéiert: just den Titel sollt ëmmer d`nämlëcht sin mat engem all Kéiers anere Bildchen an der Mëtt (deemols de grad nei entdeckten Woopen vum Club vu virum Krich), fir datt een direkt gesäit, wéi eng Nummer et as. Hei daucht den Zousaatz :"offiziellt Organ vum AVL" fir d`éicht Kéier op – Mee vgl, daat haate mer deemols just ironisch gemengt! – (a bei Louvain geknäipt)

Als nächst kumm eisen TTT un d`Rei. Hien war bis elo am längste verantwortlich. Eng Phase vun der Konsolidéierung. De No 7 (waat een Zoufall), as die éischten ganz um Computer erstallten Ausgab. An der No 9 huet den Tintin SEX. De genaue Géigendeel vun de Statuten, as dest deen Artikel, wou wierklëch all Mensch gelies haat.

Ab WS 95/96 krut d`Zeitung nach en Ënnertitel:No 11 "Den hellege Steen vum Cinderella" usw.

Well zu Lëtzebuerg ons Zeitungen all op däitsch oder franzéisch erauskommen, sin Publikatiounen wéi de KAREL ganz wichteg fir d`Iwerleiwen vum Lëtzebuergeschen och als Schrëftsprooch! Dobäi kennt dann Ivica Repusic dee grousse Verdengscht zou, ëmmer d`Korrekturen gemeet ze hun. well hien, als Kroat, deen eenzege Lëtzebuerger zu Oochen as deen korrekt Lëtzebuergesch schreiwen kann, ouni dobäi an e regionalen Idiotismus ze verfaalen.

Zum Suffi an zum Dondel, kann een an u fir sëch näicht soën, ausser datt se et nit méi schlëcht gemeet hun ewéi d`Jongen die Joren virdrun. Allerdëngs sin och sie schon deemols aal Kärelen gewiëcht, waat feelt as Innovatioun.

Zum Schluß muß dann awer nach gemeckert gin, well ëch schreiwen des Zeilen nit ouni Grond; et muß bei all denen positive Saachen dach eng gewëssen Dekadenz feststellen. De Karel as zou engem Memorial verkomm. Et steet praktësch ëmmer daat selwécht dran, d`Foto`en sin genau sou austauschbar, wie die "Geschichten". Nee, ëch mengen elo nit d`Chronik, Tournoi hei an do, Ponttor etc. as nun eben ëmmer daat selwëcht. Mee ëch schwetzen dovun datt stets iwer just e puer Leit geschriwen get, och wann aaner "Helden" genau sou Bemierkenswertes gestiicht hun.Get hei mat zweerlee Mooss gerëchent? Ganz kloër jo!

Lo wärt de Comité d`Schold wäit vun sëch weisen a soën: "Jo d`huet sëch dach kee gemellt, an d`Leit wëlle guer näicht schreiwen". Et gët awer och keen dozou encouragéiert, an déi die schreiwen wëllen gi gehetzt oder färten (villäicht, net ganz zu Onrecht) hier Saachen kimmen nit dran.

Ansonsten wënschen ëch dem KAREL fir d`Zukunft alles Gudds.

Catweazle alias Hondsmarder

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.