Velofueren

Dies ist meine Startseite zum Thema Radfahren, auf Luxemburgisch “Velofueren”.
Wie allgemein auf wiesel.lu üblich, verfasse ich meine Beiträg zu dem Thema, so auch meine Blogbeiträge zum Radfahren auf deutsch, die übliche Schriftsprache der meisten Luxemburger meiner Generation. diese Seite hier ist eine Ausnahme, da ein Grossteil der Texte schon älter ist.

Daniel auf seinem neuen KTM Fahrrad

Das Foto ist allerdings posiert

Mäin Zougang zum Velofueren. (Velofuererkuerzbiographie)

  • Ech hu relativ spéit, sou mat 9 Joer Velofueren geléiert. Ab mengem 10. Gebuertsdag hunn ech dunn dierften op der Strooss fueren, sou dass ech bei dem Thema säit Enn vun den 1970er Joeren Erfahrung hunn. Nodeems meng Elteren mir ëm déi Zäit een eegene Velo mat 5 (!!!) Iwersetzungen kaaft haten, hunn ech d’Fräiheeten di de Velo mir verschaaft huet genoss: Kollegen besichen, Klengegkeeten akafen a virun allem vill méi wäit fueren, ass wéi ech ze Fouss komm wier, ouni dass ech hu missten een anere froen. Ech sinn deemols virun allem rondrëm Kéinzig gefuer, meeschtens op de Strossen, well de Veloswee PC12 guff erréischt em 1982 agericht. Dest war aus der Reckschau een duerchaus sportliche Programm, mee ech hat kee Coursevelo a sinn och ni Kompétitioune gefuer; ech hu mech als Kand als komplett onsportlich ugesinn.
  • Mëtt vun den 1980er hunn ech mäi Führerschäin gemeet an direkt gepackt, dat huet u mengem Mobilitéitsverhalen awer nit vill geännert, well ech hat keen eegenen Auto.
  • Dunn hunn ech mäi Studium zu Oochen ugefaangen. Deemols guff et nach kee Studententicket mat deem een hätt kinnten fir näicht mat dem Bus fueren. En plus war de Bus völlig onbequem. Di éischt Haltestell vill zu wäit eweg an ech hätt nach missten emklammen. Ausserdem waren Hörsäale, Instituter etc vun der RWTH ëmmer queesch iwwert di ganz Staadt verdeelt, sou dass de Velo, mat deem ech zunächst just wollt wi zu Kéinzig a menger Fräizäit fueren, als DAT Verkéiersmëttel fir mech erwiesen huet.
    Meng Kommilitonen um Velo 1988

    Meng Kommilitonen um Velo 1988


    Dorunner huet sech och näicht geännert, wéi meng Elteren mir am Haaptdiplom dunn een Auto kaaft haten. Dee konnt een néieren do wou ech et gebraucht hätt gratis parken, woufir ech e meescht just geholl hunn, fir vun Kéinzig op Oochen an ëmgedréint ze kommen (oder fir een Ausfluch an eng aner Studentestaadt 😉 ), meeschtens sinn ech awer och dofir mat Kolleegen an der Fahrgemeinschaft gefuer.
  • Spéider wéi ech schaffen gung, huet sech erausgestallt, dass och do den Auto just bedingt ze gebrauchen war! Et geet nit duer een Auto an eng Garage ze hunn, Du muss och nach eng Parkplaz fannen. Deemols hunn ech entdeckt, dass de reaktivéierte Studentevelo an den Zuch eng mächtig Kombine wieren: de Velo guff vu mir op der Gare stoe loosst.
  • Mat der Verbeamtung kruet ech och eng eegen Parkplaz. Vun Enn 2003 bis Ufank 2005 sinn ech haaptsächlich mat dem Auto schaffe gefuer an hat bannend kierzester Zäit 5 kg bäigeholl, wat bei menger ansonsten traditionnell schlanker Figur komisch ausgesinn huet. Dorops hinn, sinn ech nees op ofwiesselnd Bus/Zuch a Veloskombinatiounen zreckkomm, an d’Panz gung och nees eweg.
  • An deeër Zäit hunn ech och gemierkt, wie staark de Velo benodeeligt géif, hu mech engagéiert a war 2006 fir een Joer am Comité vun der LVI. D’war awer näicht fir mech.
  • Säit 2018 fueren ech regelméissig bei der Critical Mass zu Letzebuerg an zu Tréier mat.

Historique vu menge Veloen

1976 Deen éischte Velo op dem ech gefuer sinn, war e Flandria Klappvelo, mäi Papp hat der zwee fir eis Kanner kaaft.
1977 De “Communiounsvelo”, deen et a Wierklichkeet fir den 10. Gebuertsdag guff, war mäin éischten eegenen. Leider kruet ech deen spéider zu Studentenzäiten zu Oochen geklaut an hunn och kéng Foto méi dervun. E war bloen Härevelo, stroossentauglich mat Schutzblech, Luten a spéider engem mechanischen Tacho, hat en Halter fir de Gedréngsbidong, 5 Iwwersetzungen an natierlich eng Schell.
1992 Nodeems mir de Communionsvelo Ugangs den 1990er geklaut gi war, sinn ech haaptsächlich mat dem “Studentevelo” gefuer. Deen hat mäi Papp mir eigentlich kaaft, fir dass ech, wann ech doheem wier do da kinnt mat dem Velo fueren. Et war och een Härevelo aus Stohl, deen awer een gedréinten “Courseguidong” hat an een duebele Plateau, sou dass ech 10 Iwwersetzungen hat. Deen hunn ech 2009 verschenkt, interessanterweis un eng Organisatioun di Spenden fir d’Ukraine gesammelt huet.Ob en elo do gefuer gëtt?
1998 Meng spéider Fra hat mir Enn vun den 1990er een Mountainbike geschenkt. Dee guff eis 2005, zesumme mat menger Fra hierem Studentevelo an der Vakanz a Frankräich geklaut.
2005 No deer schändlicher Strofdot hunn ech mir am Hiercht 2005 een Treckingbike “KTM Teramo” fir meng Fräizäitaktivitéiten kaaft, well an Tëschenzäit hat ech eng regelméissig Pei. Kuerz drop guff ech iwwrigens verbeamtet.
2006 Op der Aarbecht sinn ech weider mat dem Studentevelo gefuer, hunn et awer iergendwann blöd fond, just an der Fräizäit op engem bequemen ze setzen a mech am Alldag ze ploen. 2006 hunn ech dofir een weideren awer e bessi méi bëllegen Treckingbike, den “Framework Atlanta” kaaft, deen meeschtens op menger Aarbichtsplaz an d’Stadt bleift fir do da können ze fueren.
2007 Am Juni 2007 hunn ech mir weider een sougenannten Fitnessbike, vu mir och nach gären Warmduscherrennrad genannt, “Strada 800” vu Stevens kaaft, fir an der Fräizäit e bessi méi séier kennen ze fueren.
2008 hat ech mir ee Faltrad kaaft, fir de Velo besser könne mat am Bus mat ze huelen. Dat huet zwar nit geklappt, wuel awer fir en matt an den Zuch ze huelen, an ech sinn dunn och vill mat deem gefuer. Dofir war en awer wuel nit ausgeluegt an e war 2012 awer schon souwäit erofgefuer, dass ech e wollt eweggeheien. Een Aarbechtskolleeg huet sech en du vu mir schenken loosst, en awer séier weider verschenkt (fiert mengen ech awer léiwer mat dem Auto).
2021 Am Juni 2021 hunn ech mir e Brompton Faltvelo kaaft, fir können op d’Aarbecht ze pendelen.

Lëscht vu de Veloën

Dorauser ergëtt sech, dass mir aktuell di folgend Veloën gehéieren:

  1. ee schwarzen Treckingbike “KTM Teramo”,
  2. ee sëlwerfuerwegen Treckingbike “Framework Atlanta”,
  3. ee groe Fitnessbike Stevens “Strada 800”,
  4. ee roude Faltvelo vu Brompton.

Bereits angelegte Unterseiten zu diesem Thema

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.