Sophie Kieffer

Huet een Artikel iwert d’LVI Versammlung am Wort verfaasst. Am Géigensaatz zu mir, war hat wuel vum dem Kalauer mat dem bloën Hirsch dee keen Velo fiert ganz enchantéiert. Naja, Suum cuique. Cette blague circule dans les rangs de la LVI, mee et huet nit all Mensch aus der LVI driwer gelaacht. Sëcher hatt, brauch jo och kéng Comitéssetzungen mat dem Gust Muller ze erdroën, waat just machbar ass wann een ënnert dem Gust Muller schafft.

Waat natierlich nit an dem Artikel steet ass, dass d’Personalpolitik vun der LVI alles aaneschters wéi een Erfolleg war: Vun 12 Memberen aus dem Comité waren der 5 démissionär, awer nëmmen 3 (dovunner just een komplett frëschen) Neier hunn sëch opgesaat. Vun denen ërem gewielten ass mëttlerweil een weideren Member (Jang Klein) ebenfalls demissonéiert, an een Member vum Comité guff a Sippenhaft(ung) gehol: E puer prominent Memberen vum neie, a méngen Aën awer ziemlich reaktionäre Comité vun dem ëch kéng Reformen erwaarden, hunn ugekënnegt hatt boykottéieren ze wëllen an et opgefuerdert ebenfalls ze demissionnéieren. Guer nit wëll sie eppes géint hatt hätten, mee , wëll se säi Mann nit kënnen ausstoën a weder séng Reformvirschléi nach séng Kritik verdroën hunn! Dobäi sinn dach grad déi Mënschen, die zur Selbstkritik onfähig sinn, op Fremdreflektiounen ugewiesen! Schlëmm dass sou ondemokratisch Praktiken aus dem Mëttelalter (an och bekannt aus eiser jëngerer Geschicht) wéi Sippenhaft vu gebildete Leit dann nach als “ganz mënschlich” erklärt ginn. Vermutlich nennt hien Rassismus och natierlich, a Fraënhaass verständlich1

Mais soyons optimiste: Am neie Comité sinn zwee Memberen, die dem Gust Muller ganz bestëmmt méi Resistenz werten entgéing brengen, wéi mir daat konnten: De Grënnungspräsident Paul FABER, deen eng eegen Autoritéit an der LVI duerstellt, a wuel och de Jo Simon.

Mut an homäopatischer Doséierung mëcht mir, völlig onerward souguer d’Nathalie Schmit! Hatt huet vielläicht op der Generalversammlung een Ament geduecht: Merde, dee béisen, béisen Daniel haat jo vielläicht awer Recht! Ech haat him prophezeit, dass de Gust hatt nit giff sou matspillen loossen, wéi hatt sëch daat wënscht. A schéin: Wéi hatt och zur Versammlung schwetzen an de Programm 2007 virstellen wollt, do haat de Gust d’Vollek schon op de roude Wäin an op de Kéiss geschëckt. *g*. Mee hatt huet sëch heftig gewiert an huet säi Virtrach awer dierften haale. Bravo Nathalie!

  1. mee mäi Gott, et haaten och nëmmen 50,9 % am Joër 1937 géint d’Maulkuerfgesetz gestëmmt. Firwaat sollen hier Nokommen et am Joër 2007 nit ganz normal fannen, fir de Wielerwëllen ze vergewaltigen an Leit, die een nit ausstoën kann, einfach un der Ausübung vun hierem Mandat behënneren? []

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.